Hunn Haassrieden op Twitter zougeholl?

© AFP/Archives/Constanza HEVIA
An engem Interview mam brittesche Sender huet den Elon Musk ofgestridden, datt Haassrieden op Twitter zougeholl hätten, esou wéi de Journalist behaapt huet
D'BBC an den US-Milliardär a Chef vun Tesla, Space X an Twitter Elon Musk liwwere sech aktuell eng kontrovers Diskussioun. An engem Interview mam brittesche Sender huet den Elon Musk ofgestridden, datt Haassrieden op Twitter zougeholl hätten, esou wéi de Journalist behaapt huet, ouni konkret Beispiller ze nennen.
Nom Interview huet de BBC Journalist awer eng Etüd vun engem Institut uginn, déi belee géing, datt Hatespeech op Twitter zougeholl hätt. Kritiker an den Elon Musk selwer hunn awer drop higewisen, datt deen Institut zum Deel vu Regierunge finanzéiert gëtt.
En Donneschdeg de Moien da féiert d'BBC an engem Online-Artikel weider Beweiser. Eleng schonn, datt zanter den Elon Musk Chef vun Twitter ass, Rietsradikaler, Conspirationisten, mee souguer radikal Islamisten, déi gespaart waren, nees op d’Plattform zougelooss goufen. D’BBC gëtt awer zou, datt et Schwieregkeete gëtt ze soen, wat Hatespeech ass, well et keng kloer an einfach Definitioun dovunner gëtt. An an den USA hu sech ëmmerhi schonn Affekoten op d’Meenungsfäaiheet beruff, fir Neonazien ze verdeedegen.