Den US-amerikanesche Milliardär Elon Musk wëll mat enger eegener KI-Uwendung mam Numm TruthGPT den Tech-Gigante Google a Microsoft Konkurrenz maachen.

An engem Interview mam Sender Fox News sot de Chef vun Tesla, Twitter a SpaceX, hie wéilt "eppes starten, wat TruthGPT genannt gëtt". Et soll sech dobäi ëm eng kënschtlech Intelligenz handelen, déi "no Wouerecht strieft" a probéiert "d'Wiese vum Universum z'ergrënnen".

Den US-amerikanesche Start-up OpenAI, deen den Ament mat senger KI-Applikatioun ChatGPT fir grondleeënd Verännerungen a ville Beräicher suergt, ass vum Elon Musk 2015 matgegrënnt ginn, 2018 huet hien d'Entreprise awer nees verlooss.

Am Interview mat Fox News huet hien ChatGPT kritiséiert a behaapt, d'Uwendung wier esou programméiert, datt se "politesch korrekt" Äntwerte gëtt an dowéinst litt. Ausserdeem hätt kënschtlech Intelligenz "d'Potenzial zur Zerstéierung vun der Zivilisatioun" a kéint "Mënschen ausläschen", warnt de Musk.

Virun e puer Wochen huet de Milliardär sech engem Appell vun Experten ugeschloss, déi an engem oppene Bréif en allgemengt Aussetze vun der Entwécklung vu KI-Technologie gefuerdert hunn. Dës Paus sollt dofir genotzt ginn, fir d'Regulatioune fir kënschtlech Intelligenz ze verbesseren.