Aus Text a Foto gouf eng multimedial Offer
Zanter 1996 ass rtl.lu online. Haut ass et de Site den zu Lëtzebuerg am meeschte consomméiert gëtt.
Den Internet huet sech staark gewandelt
"Mir haten ëmmer de Rhythmus vun all zwee Joer eppes um Site ze änneren", esou den Tom Weber, Digital Director vun RTL Lëtzebuerg.
Am Ufank war rtl.lu e bësse Fotoen an e bëssen Text. An de 90er waren d'Systemer manner performant wéi haut. Lues a lues sinn och multimedial Contenuen online gaangen.
De Video war deemools esou grouss wéi en Daum, haut ass alles am HD.
Den éischte Site, deen am Joer 1996 online goung, bezeechent den Tom Weber haut als "Buddy vum Radio", wou ee gesinn huet, wat esou um Radio leeft. An de Jore goufen d'Contenuen ausgebaut an elo fënnt een op den digitale Plattforme vun RTL Podcasten, Video-Reportage, Fotosgalerien a villes méi.
rtl.lu am neie Look
Mam neie Look wier den rtl.lu méi modern, fir den Notzer ännert sech nieft dem Look net ganz vill. D'Applikatioune goufe geupdate, och RTL Play. Fir den Tom Weber sinn d'Upassungen eng Evolutioun.

Tom Weber, Digital Director RTL Lëtzebuerg / © RTL
D'Mark RTL stäerken
RTL géif mat Internet, Radio an Télé eng breet Offer ubidden, déi ee mobil, um Computer, um Radio oder der Télé kéint suivéieren. Den Tom Weber: "Soss waren et ëmmer déi verschidde Medien, elo ass et d'Mark an der Mëtt an d'Leit kënnen eis wéini, wou a wéi se wëlle consomméieren.”