Virun 30 Joer ass e fir d'Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn an huet zanterhier sou zimmlech all Aspekt vum Liewe vum Mënsch verännert.

Den 30. Abrëll 1993 huet d'Direktioun vun der europäescher Nuklearfuerschungsinstitut Cern zu Genève de WWW gratis fir d'Allgemengheet fräiginn. Duerch d'Decisioun vum Cern fir de weltwäite Web ouni Lizenzen oder Patent fräizeginn, krut den Internet d'Bedeitung, déi en haut huet. Kuerz drop goufen déi éischt Browser entwéckelt, déi Leit wéi de Microsoft-Grënner Bill Gates zu Milliardäre gemaach hunn.

De Grënner vum World Wide Web, de brittesche Physiker Tim Berners-Lee, huet haut 67 Joer.