Eng Nofollgerin wier scho fonnt a géif a ronn sechs Wochen iwwerhuelen, dat huet de Musk en Donneschdeg an engem Tweet matgedeelt.

En Donneschdeg den Owend huet den Elon Musk säi Récktrëtt als Chef bei Twitter ugekënnegt. Wéi hien iwwert déi sozial Medie matgedeelt huet, géif hien a ronn sechs Woche vu senger Nofollgerin ofgeléist ginn. Een Numm huet hien net genannt.

De Milliardär an Tesla-Grënner hat Twitter am Oktober fir 44 Milliarden Dollar iwwerholl. Kuerz drop hat de Musk den Twitter-Chef Parag Agrawal, de Finanzchef Ned Segal, d'Chef-Rechtsberoderin Vijaya Gadde a méi wéi een Drëttel vun de 7.500 Mataarbechter entlooss. Hien huet och déifgräifend Verännerunge fir d'Utilisateuren agefouert.

Schonn am Dezember hat de Musk ugekënnegt, vun der Twitter-Spëtzt oftrieden ze wëllen - allerdéngs eréischt, wann hien e gëeegenten Nofollger oder eng gëeegent Nofollgerin fonnt hätt.