D'Linda Yaccarino gëtt nei Cheffin vun Twitter

En Donneschdeg hat den Elon Musk säi Récktrëtt ugekënnegt, um Freideg huet en den Numm vun der neier CEO matgedeelt.
Et handelt sech heibäi ëm d'Linda Yaccarino.
D'Yaccarino war bis elo Cheffin vum Werbe-Deel vun NBCUniversal a gëllt als beschtens vernetzt an de Marketing-Abteilunge vu groussen US-Konzerner. Hir joerzéngtelaang Erfarung kéint Twitter hëllefen, Rou an d'Relatioun mat wichtege Clienten ze bréngen, déi den Elon Musk mat sengem Féierungsstil vun Twitter verdriwwen huet.
Et bleift allerdéngs nach festzestellen, wéi vill Handlungsfräiheet déi nei Managerin nieft dem Elon Musk wäert hunn.
NBC Universal huet um Freideg den Owend bekannt ginn, dass d'Linda Yaccarino d'Entreprise mat Effet immédiat géif verloossen.