De Sam Altman ass fir eng Reguléierung vu Kënstlecher Intelligenz

De Chef vun ChatGPT Sam Altman, huet e Mëttwoch an enger Auditioun am US Kongress d’Parlamentarier opgeruff, "d'Kënschtlech Intelligenz" ze reguléieren.
D’Parlamentarier hunn hirersäits och grouss Suergen iwwert déi nei Entwécklungen a Saache "K.I."geäussert. Fir den Optakt vun der Audienz huet e Senateur eng Stëmm ofgespillt, déi bal genee esou wéi seng eege kléngt a vun engem Bot, also automatesch a mat "K.I." generéiert gouf.
De Chef vun ChatGPT huet ënner anerem proposéiert, datt Lizenze misste geschaaft ginn a Maschinnen a Programmer, déi mat "K.I." funktionéiere misste getest ginn, éier se zougelooss ginn. Donieft misst een d’Reegele global koordinéieren. An der EU stëmmt d’EU-Parlament an engem Mount iwwert eng europäesch Reguléierung, déi ënnert anerem biometresch Iwwerwaachung oder emotional Erkennung verbidde géing. De Sam Altman sot e Mëttwoch de Moien awer och, "K.I." kéint an Zukunft méiglecherweis vill Problemer ewéi d’Klimakris oder Kriibs léisen.