Am US-Bundesstaat Montana hunn elo méi TikTok-User géint d'Verbuet vun der Plattform geklot. Si gesinn hir Rechter als Bierger blesséiert.

Nodeem déi chineesesch App, mat där ee kuerz Video maache kann, am US-Bundesstaat Montana per Gesetz soll verbuede ginn, hunn eng Rei User géint d'Gesetz eng Plainte gemaach. Si gesinn an dësem Verbuet hir Rechter als US-Bierger blesséiert. Weider heescht et an der Klo, datt de Bundesstaat d'Gesetz esou formuléiert huet, wéi wann een d'Entscheedung fir déi national Sécherheet getraff hätt, wat awer net de Fall wier.

Mat der Klo soll d'Gesetz, wat de Gouverneur Greg Fianforte e Mëttwoch ënnerschriwwen huet, verhënnert ginn. Dem neie Gesetz no ass et den App-Store vun Apple a Google verbueden, fir d'TikTok innerhalb vun de Grenze vum Bundesstaat unzebidden. Sollte d'Stores oder TikTok selwer géint dëst Gesetz verstoussen, musse si mat enger Geldstrof vu bis zu 10.000 Dollar pro Dag rechnen.

Dem Gouverneur no soll de Verbuet d'Populatioun "virun der Iwwerwaachung duerch déi kommunistesch Partei a China" schützen a soll den 1. Januar 2024 a Kraaft trieden.

TikTok selwer wiert sech géint de Verbuet a geet en änleche Wee, wéi d'Persounen, déi d'Klo agereecht hunn. Vun der Firma ByteDance heescht et, datt dëst neit Gesetz d'Rechter vun den US-Bierger am Bundesstaat Montana géif blesséieren. D'Entreprise huet ëmmer nees widderholl, datt ee keng Daten un déi chineesesch Regierung weidergëtt.