Ëmmer méi Klima-Wëssenschaftler verloossen Twitter

Zanter dass den Elon Musk Twitter iwwerholl huet, géifen ëmmer méi falsch Informatiounen iwwert dat soziaalt Netzwierk verbreet ginn.
Och d'Beleidegunge géigeniwwer Wëssenschaftler, déi op Twitter aktiv sinn, géifen ëmmer méi zouhuelen. Besonnesch Leit, déi iwwert de Klimawandel fuerschen, wiere vun dëser Problematik betraff. Dat an engem Ausmooss, dat et ëmmer méi schwéier mécht, op der Plattform iwwert de Klimawandel ze schreiwen.
Aus dësem Grond verloossen ëmmer méi Klima-Wëssenschaftler Twitter zugonschte vun anere soziale Plattformen. Ee vun hinnen ass de Peter, deem bal 100.000 Leit followen. Hien huet senge Follower rezent matgedeelt, dass hien net méi op Twitter kéint aktiv sinn. Wéi hien a sengem üPost schreift, wier Twitter zu engem toxeschen, sexisteschen an antisemitteschen Netzwierk verkomm.
Wéi de Gleick géigeniwwer der Noriichtenagence AFP sot, wier hei schonn zanter laangem dru gewinnt, wéinst senger Fuerschung perséinlech op Twitter attackéiert ze ginn, ma zanter dem Musk senger Iwwernam wier esouwuel d'Zuel vun den Attacken explodéiert an et wieren der ëmmer méi ginn.
Eng Etüd vum Grupp "Berkley Earth", dee sech mat der Analys vun Donnéeën, déi eng Relatioun mam Klimawandel hunn, beschäftegt, kënnt dann och zu der Konklusioun, dass Tweets iwwert de Klimawandel un Afloss verléieren. Zanter, dass den Elon Musk dat sozialt Netzwierk iwwerholl huet, géifen esou Tweets 38 % manner Likes kréien a 40 % manner gedeelt ginn, ewéi virdrun.