Aktuell verschéckt de Streaming-Gigant Mailen un ënner anerem hir Clienten aus Däitschland, datt et verschidden Ännerunge beim Account-Sharing wäert ginn.

Netflix ass jorelaang méi grouss ginn, bis 2022 d'Zuelen ugefaangen hunn ze stagnéieren a souguer zeréckzegoen. Als Reaktioun dorobber hat de Streaming-Déngscht annoncéiert, datt een elo och méi haart géint den Account-Sharing wéilt virgoen.

U sech ass et bei Netflix erlaabt, fir den eegenen Account mat méi Leit am eegene Stot ze deelen. Ma vill User deelen hiren Account och mat Frënn a Familljememberen, déi net op der selwechter Adress ugemellt sinn. Schätzunge vun Netflix no ginn et weltwäit 100 Millioune Stéit, déi de Streamingdéngscht notzen awer keen eegenen Abo hunn.

Nodeem ee schonn an den USA Schrëtt dogéint ënnerholl huet, wäert et och elo Europa treffen. Leit, déi am Verdacht sinn, hiren Account onerlaabt ze deelen, kréien aktuell eng Mail. Hei gëtt dann nach eng Kéier erkläert, datt den Account just mat Leit, déi bei engem wunnen, dierfe gedeelt ginn. Zum Schluss kritt een nach d'Optioun, fir en "Zousazmember" dobäizefügen.

Esou kritt een d'Méiglechkeet, fir den Account mat enger Persoun, déi net bei engem wunnt, ze deelen. Dat fir e Supplement vu 4,99 Euro pro Mount pro extra Persoun. Leit, déi de Standard-Abo vun 12,99 Euro hunn, dierfe maximal eng Persoun dobäisetzen. User vum Premium-Abo vu 17,99 dierfen zwou Persoune bäifügen. Esou kéint den Abo vun Netflix op bis zu knapp 28 Euro uwuessen.

Zousazmembere kréien an deem Fall déi Qualitéit vum Stream, fir déi den Account-Besëtzer och bezilt, kréien awer en eegene Log-In. De bëllegsten Account bei Netflix kascht aktuell an Däitschland och 4,99 Euro, dofir kritt een hei Reklammen ageblennt, wat beim Zousazmember net de Fall ass.

Wéi Netflix erausfanne wëll, ob een a sengem Account Leit dran huet, déi net bei engem liewen, deelt de Streaming-Gigant net mat.