Twitter wëll, wéi et aus EU-Kreesser en Donneschdeg heescht, de Verhalenskodex vun der EU géint Falschinformatiounen am Internet wuel net méi anhalen.

D'Online-Plattform vum US-Milliardär Elon Musk hätt der Europäescher Kommissioun seng Intentioun matgedeelt, aus dem fräiwëllegen Ofkommes erauszegoen. Offiziell soll Bréissel awer nach net iwwert d'Decisioun informéiert gi sinn.

Twitter soll uginn hunn, sech léiwer op seng User als Faktenchecker ze verloossen, heescht et weider aus EU-Kreesser. D'Rapporten iwwer Desinformatioun vun der Entreprise am Kader vun der Verhalenscharta wiere bis ewell immens onvollstänneg gewiescht. "Wann (Elon Musk) de Kodex net seriö hëlt, dann ass et besser, wann en erausgeet", sot e Vertrieder vun der EU-Kommissioun der Noriichtenagence AFP géigeniwwer.

De Verhalenskodex fir d'Bekämpfe vu Falschinformatiounen op de groussen Online-Plattformen goufe vun de gréissten Entreprisen am Secteur selwer geschriwwen an 2018 vun der EU accordéiert. Nieft Firmen aus der Werbungsbranche hate sech Google, Facebook, Twitter, Microsoft an zanter 2020 och TikTok verflicht, d'Charta anzehalen.