Vision Pro
Apple huet säi Brëll presentéiert, dee "mixed reality" soll bidden

Digitale Contenu soll mat der reeller Welt vermëscht ginn, fir ganz nei Experienzen fräizeschalten, sou den Tim Cook zu Cupertino.
De Vision Pro ass eng Zort Schibrëll, dee virtuell Realitéit (VR) an erweidert Realitéit (AR) vermëschen an 3.500 Dollar an den USA kaschte soll. Ufank 2024 soll den Apparat an d'Butteker kommen.
Disney huet ee Partenariat mat Apple fir de Launch mat speziellem Contenu fir den deiere Brëll vu Marvel, Star Wars annoncéiert. Och Live-Sport soll een mam Vision Pro kënnen immersiv erliewen.
Allerdéngs wier den Apparat net capabel ouni Stroumkabel ze lafen anescht wéi de Konkurrenzproduit vu Meta.

Am meeschte gelies