Wéi huet sech de Mediekonsum vun de Leit weltwäit entwéckelt? A sengem Digital News Report 2023 liwwert Reuters nei Erkenntnisser heiriwwer.

Iwwer 93.000 Noriichtekonsumenten aus der ganzer Welt hunn um Sondage vum Meenungsfuerschungsinstitut YouGov deelgeholl, op déi sech de Rapport vu Reuters baséiert. D'Resultat: Souwuel den Interessi, wéi och d'Vertrauen an déi klassesch Noriichte-Formater hëlt of, mä och d'Aart a Weis, wéi Noriichte consomméiert ginn, verännert sech.

Ervirgehuewe gëtt vu Reuters an dem Kontext besonnesch Griicheland mat nëmmen 19% vun alle Befroten, déi uginn hunn, den Noriichte meeschtens ze vertrauen a Mexiko, wou vu 50% am Joer 2019, et dëst Joer nëmmen nach 36% sinn. Den héchsten Undeel u Vertraue fënnt ee mat 69% a Finnland.

Datt klassesch Noriichtenagencen den Ament ze kämpfen hunn, ass awer net nëmmen op e Réckgang am Vertrauen zeréckzeféieren. 36% vun de Befroten hunn nämlech uginn, datt si d'Noriichten "dacks oder heiansdo" bewosst evitéieren, meeschtens zugonschte vum eegene psychesche Wuelbefannen. 2017 louch dësen Taux nach bei 29%. Knapp d'Hallschent vun de Leit, déi Noriichten evitéieren, wiesselen de Sender oder scrolle weider, soubal dës op der Tëlee, respektiv um Handy-Ecran opdauchen. Méi spezifesch gi virun allem Nouvellen evitéiert, déi mam Krich an der Ukrain ze dinn hunn.

Vun dëse Leit wënscht sech eng ganz Partie eng aner Approche un d'Noriichten: Wärend 55% sech méi positiv Nouvellë wënschen, hu 46% uginn, datt si sech éischter fir e Journalismus interesséieren, dee sech op Léisungen amplaz Problemer fokusséiert.

Schliisslech wier do och nach de Facteur vun de soziale Medien. Vill Noriichteportaler ware jo laang Zäit op klassesch Netzwierker wéi Facebook oder Twitter ugewisen, ma well dës a leschter Zäit däitlech manner Trafic verzeechnen, leiden och d'Portaler ënnert méi schwaachen Zuelen.

Profitéiere kënnen an dësem Kontext par-contraire Noriichtesitten, déi vill op TikTok an Instagram present sinn a méi op Artikelen am Video-Format setzen, wat besonnesch bei jonke Leit gutt ukënnt, sou de Reuters-Rapport.

An Deeler vun Afrika, Südamerika an Asien consomméieren d'Leit hir Noriichten am meeschten iwwer TikTok.