Den US-Multimilliardär Elon Musk wëll mat senger Start-up Neuralink nach dëst Joer e Computerchip an d'Gehier vun engem Mënsch aplanzen.

Dat huet den Tesla-Chef op engem Event zu Paräis ugekënnegt. "Mir hoffen, dass mir spéider an dësem Joer eis éischt Implantatioun maache kënnen." Den Empfänger wäert wuel ee sinn, deen un "enger Form Tretraplegie" leit, an anere Wierder un den Äerm a Been geläämt ass.

Sou huet de Musk sech an enger Froen-Äntwert-Ronn mat ronn 3.600 Mënschen zu Paräis ausgedréckt. Seng Start-up Neuralink hat leschte Mount vun den US-Autoritéiten den Accord fir Tester vu Computerchippen am mënschleche Gehier kritt. Duerch déi ongeféier mënzgrouss Implantater soll et dem Musk no méiglech ginn, duerch Gedanken direkt mat engem Computer ze kommunizéieren. Bis ewell goufen d'Prototyppen nëmme bei Déieren agesat.