Mat "My AI" huet d'Messengerplattform Snapchat elo fir jiddereen de passende Kolleeg. Eng Frëndschaft, déi awer net op déi liicht Schëller ze huelen ass.

De Fortschrëtt vun der kënschtlecher Intelligenz huet am November 2022 en neien Niveau erreecht. ChatGPT gouf nämlech der Ëffentlechkeet zur Verfügung gestalt, sou dass elo quasi Jidderee vun där Technologie profitéiere kann.

Bannent Sekonnen huet dës KI quasi eng Äntwert op all Fro, schreift Unis-Aarbechten a kierzester Zäit oder ka mir e Rezept ginn, wou nëmmen déi Ingrediente gebraucht ginn, déi ech nach Doheem hunn.

Ma eng kënschtlech Intelligenz kann och e Kolleeg sinn. Dat mengt op alle Fall d’Messengerplattform Snapchat, déi besonnesch bei de Jonke beléift ass. Snapchat huet op Basis vun der ChatGPT-Technologie "My AI" entwéckelt, fir all sengen Notzer de perfekte Frënd respektiv Frëndin op d’Säit ze stellen.

RTL

An der Frëndeslëscht ass spéitstens dësen Abrëll bei all Notzer de Message ukomm: Du bass elo mat My AI befrënnt.

E Kolleeg, dee just zwee Klicks fort ass, 24 op 24 fir mech do ass a visuell ugepasst ka ginn – kléngt dach wéi en Dram oder?  Komplett ongeféierlech ass dat awer net, wéi eis den Igor Loran, Psycholog bei Bee Secure a Kanner- a Jugendtelefon erkläert.

"Es ist ein künstlicher Freund, eine virtuelle Assistenz, wo man zum Beispiel nach Empfehlungen fragen kann, aber es kann niemals einen echten Freund ersetzen. Verständnis und Empathie, wie bei einem echten Freund, wird es bei My AI nie gegeben sein."

Grad dofir wier et wichteg, "My AI" keng perséinlech Informatiounen ze erzielen a souguer Snapchat selwer réit dovun of. An dat, obwuel "My AI" mir versprécht, dass ech him all meng Geheimnisser uvertraue kann.

RTL

De Snapchat-Support mécht hei dann och dorop opmierksam, dass een net alles fir Boer Mënz huelen dierf, wat "My AI" enger verzielt: "Dennoch ist es möglich, dass die Antworten von 'My AI' voreingenommene, falsche, schädliche oder irreführende Inhalte enthalten."

A genee dat wier eng weider Gefor vun der Kënschtlecher Intelligenz. "Die Nutzer verlieren das kritische Denken, weil sie die Quellen nicht mehr analysieren müssen. Des weiteren besteht die Gefahr von Plagiat." Souwuel "My AI" wéi och ChatGPT ginn nämlech net direkt mat un, wou si déi Informatiounen hierhunn. Sou dass een e schonn existéierenden Text als säin eegent Wierk "verkafe" géif, obwuel een et net selwer recherchéiert a geschriwwen huet.

Fillt de Jonke sech eleng oder bei anere Problemer a Froen, kann e sech op der Helpline vum Kanner- a Jugendtelefon mellen. Um Site gëtt et awer och eng Chat-Funktioun, wou de Jonke mat Spezialisten ënner 25 Joer schreiwe kann.

Allgemeng réit den Expert am Ëmgang mat Kënschtlecher Intelligenz a spezifesch "My AI":
- keng perséinlech Donnéeën erausginn
- oppe mat sengen Elteren doriwwer schwätzen
- den Informatioune vum Bot net blann vertrauen

E puer Tipps fir d'Elteren

D'Eltere spillen och eng Roll beim richtegen Ëmgang mat de soziale Medien, wéi och mat esou Chat-Funktioune mat enger KI. Den Igor Loran réit den Elteren, sech selwer mat den Apps ze befaassen, se erofzelueden an auszeprobéieren. Nëmmen esou kritt een e Bild vun de Plattformen, ob deenen d'Kanner an d'Jugendlecher ënnerwee sinn.

Dës weidere wier et wichteg, de Jonken d'Gefill ze ginn, dass si sech engem uvertraue kënnen. Also allgemeng e gutt Vertrauensverhältnes opzebauen, fir dass de Jonken op een duerkënnt, wann en e Problem huet. Deene Jonken eppes ze verbidden, mécht kee Sënn, fënnt de Master-Psychologe Igor Loran. "Die Kinder und Jugendlichen von Heute sind sogenannte Digital Natives. Sie sind mit der Technologie groß geworden. Sie werden die Eltern auf jeden Fall überlisten."

Wann d'Elteren heibäi Froen hunn oder eng Berodung brauchen, kënnen och si sech beim KJT mellen. Zënter kuerzem gëtt hei nämlech och den Elterentelefon.