Fangerofdréck ze späicheren, verstéisst net géint d'Recht op Privatsphär
An Däitschland hat eng Persoun geklot, well se net wollt, datt hir Fangerofdréck op engem Chip an der Carte d'identité gespäichert ginn.
D'Fangerofdréck op der Carte d'identité ze späicheren, verstéisst net géint d'Recht op Privatsphär. Zu där Conclusioun ass d'Avocate générale um europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg komm.
An Däitschland hat eng Persoun geklot, well si eng Carte d'identité wollt hunn, an där kee Späichermedium dran ass, op deem hir Fangerofdréck enregistréiert sinn. D'Ofdréck ginn awer just op der Kaart selwer gespäichert an net an enger zentraler Datebank. An dat wier och richteg esou, fënnt de Parquet général. Et géif nämlech keng equivalent effikass Method, déi manner Auswierkungen op d'Privatsphär hätt, fir eng authentesch Preuve vun der Identitéit ze ginn. Ausserdeem wieren déi biometresch Donnéeën och anstänneg viru Mëssbrauch geschützt.