Éischte kommerzielle Fluch an de Weltall war e Succès

© Virgin Galactic
D'Entreprise Virgin Galactic huet säin éischte kommerzielle Fluch vun engem Fluchhafen am US-Bundesstaat New Mexico gestart.
An de leschte Méint a Jore gouf et schonn eng Partie Test-Vollen. Dësen Donneschdeg konnten déi éischt Weltraumtouriste mam Virgin-Taxi aus der Atmosphär eraus, e Bléck op d’Äerd geheien.
Dräi Membere vun der italieenescher Loftwaff an dem nationale Fuerschungsrot vun Italien konnten dobäi e puer Minutten am Weltall notzen, fir eng Rei wëssenschaftlech Experimenter duerchzeféieren.

D'US-Loftfaartautoritéit hat gréng Luucht ginn. D'Erfollegschancë goufen am Virfeld als héich ageschat, wat sech um Enn och sollt bestätegen. D'VSS Unity konnt nom Weltraum-Fluch nees selbststänneg op der Äerd landen.
D’Entreprise Virgin Galactic gouf 2004 vum Sir Richard Branson gegrënnt.