En Donneschdeg den 13. Juli 2023 hunn déi 4 Partner Cactus, CFL, POST Luxembourg an RTL Lëtzebuerg de Groupement d'Intérêt Économique "LuxID" gegrënnt.

Dir kennt Facebook Connect oder AppleID? Wou är Loginen fir déi verschiddenst Sitten op enger Plaz kënnt späicheren? Genau an déi Richtung geet LuxID elo och, dobäi bleiwen är Daten awer am Grand-Duché.

Wa LuxID bis offiziell Enn 2023 disponibel ass, ka sech all Notzer just ee LuxID-Account maachen a sech mat deem op all Internetsite oder all App, déi bei LuxID matmaachen, wéi RTL, POST, CFL oder Cactus, benotzen, fir sech séier, sécher an einfach anzeloggen.

E weideren Avantage vu LuxID wäert sinn, datt Dir är Donnéeë séier an einfach kënnt upassen? Wann Dir zum Beispill geplënnert sidd oder eng nei Mailadress hutt, geet et duer, datt Dir op äre LuxID gitt an dëst do upasst, fir datt et op all de Sitten aktualiséiert gëtt.

De Communiqué

Den neie GIE soll d'Zesummenaarbecht tëscht deene 4 Acteure formaliséieren am Hibléck op d'Kreatioun vun enger gemeinsamer Léisung fir digital Identitéit, déi offiziell Enn 2023 lancéiert gëtt. Eng detailléiert Presentatioun vun der LuxID-Solutioun wäert am Laf vum leschten Trimester 2023 gemaach ginn.

D'Zil vun LuxID ass, fir eng gemeinsam a sécher Login-Léisung op Internetsäiten, Plattformen an Applikatiounen unzebidden. Dës nei Léisung ass d'Alternativ zu den Authentifikatiounsléisungen, déi et am Beräich vun de soziale Medie scho gëtt. Zousätzlech zu de 4 initiale Partner soll LuxID esou wäit wéi méiglech genotzt ginn a riicht sech virun allem u Betriber aus Lëtzebuerg, der Groussregioun an un ëffentlech Acteuren. Betriber an Institutioune kréie LuxID zur Verfügung gestallt op Basis vun engem järleche Forfait, deen op d'Zuel vun hire respektiven Notzer ugepasst gëtt.

LuxID wäert esou entworf ginn, datt eng kontinuéierlech Entwécklung de Sécherheetsniveau laangfristeg erhale kann an zousätzlech Funktioune fir zukünfteg Benotzung dobäikommen.

Vun Enn 2023 u wäert LuxID disponibel sinn a wäert zu 100% am Grand-Duché vun der POST Lëtzebuerg gehost ginn. D'Léisung fir digital Identitéit wäert de Benotzer d'Méiglechkeet ginn, hir perséinlech Donnéeën ze geréieren an hiren Zougang transparent ze kontrolléieren, dat Ganzt am Aklang mam Dateschutzgesetz.