Twitter gëtt an "X" ëmbenannt a kritt en neie Logo

© CFOTO Nur Photo via AFP
De Besëtzer vun Twitter, respektiv elo X, den Elon Musk, huet säi Profilbild och schonn zu engem wäissen X op schwaarzem Hannergrond geännert.
Wann een elo dann och www.x.com agëtt, kënnt een op der Säit vun Twitter eraus, ebe just mat neiem Logo. De Musk hat schonn am Virfeld ugedeit, de geplangten Ëmbau vun Twitter zu enger Multifunktiouns-App, ze beschleunegen. "Mir wäerte geschwënn Äddi soen zu der Mark Twitter a Schrëtt fir Schrëtt och zu alle Villercher", sou de Milliardär e Samschdeg den Owend.
De Mamme-Konzern vun Twitter gouf iwwregens och schonn an "The X Corporation" ëmbenannt. Déi annoncéiert nei App soll fir ze bezuelen agesat kënne ginn an zäitgläich och eng Online-Kaf-App sinn. Bis op de Logo an d'Weiderleeden iwwer X.com, gouf et bis ewell awer nach keng konkret Ännerungen.
De Musk huet Twitter jo réischt am Oktober 2022 fir 44 Milliarden Dollar kaf an e groussen Deel vun de Mataarbechter erausgehäit. Zënterhier sinn d'Recette vun de Raklamme reegelrecht agebrach an et ginn ëmmer nees technesch Problemer.