D'EU-Kommissioun reagéiert domadder mat 3 Joer Verspéidung op eng Reklamatioun vun engem Konkurrent vu Microsoft, nämlech Slack.

Et gëtt elo gekuckt, ob de Softwareris duerch dat automatescht Abanne vun "Teams" a senge Plattformen "Office 365" a "Microsoft 365" ee Virdeel huet par Rapport zu aneren Ubidder vu Kommunikatiounssoftware mat Chat, Audio- a Videokonferenz an domadder géint europäescht Konkurrenzrecht verstéisst.

Slack hat wärend der Pandemie kritiséiert, datt Microsoft nees an al Verhalensmustere géing falen. Virun 20 Joer war dem Bill Gates seng Firma bal zerschloe ginn, well de Webbrowser "Internet Explorer" a "Windows" enthale war.

Microsoft soll proposéiert hunn, datt "Teams" net méi automatesch mat installéiert gëtt, dat awer nëmmen an der EU. Fir d'éischt wëll Bréissel awer elo mol enquêtéieren.