"Eppes googelen" ass mëttlerweil an all Sprooch op der Welt e Begrëff. Zanter 25 Joer gëtt et déi weltwäit bekanntste Sichmaschinn mëttlerweil.

Ugefaangen huet Alles am Joer 1996. De Larry Page decidéiert sech a senger Dokteraarbecht an der Informatik mat mathematesche Methoden ze ënnersichen, wéi eenzel Internetsitte matenee verlinkt sinn. Doraus entsteet relativ séier e Fuerschungsprojet un deem och de Sergey Brin matschafft. Déi zwee Grënner vu Google hate sech e Joer virdrun op der Uni kennegeléiert.

Aus der Aarbecht vun dësem Projet ass en Algorithmus mam Numm Page Rank entstanen, deen d'Basis vu Google duerstellt.

Ursprénglech, ass d'Sichmaschinn nëmme fir d'Studente vun der Uni Stanford disponibel, bis dann de 15. September d'Domain "google.com" registréiert gouf. Ma d'Firma mam Numm Google gëtt eréischt de 4. September 1998 an der Garage vun der Susan Wojcicki gegrënnt. Dat ass dann och den offizielle Grënnungsdatum vu Google.

Zanterdeem huet sech vill gedoen. Wärend een um Ufank nëmmen no Internetsite siche konnt, Kann een zanter 2001 och no Biller sichen. Google News lancéiert 2002, Google Books gëtt et zanter 2004 an zanter 2005 kann ee Google Maps nom Wee froen. 2005 kënnt d'Sichmaschinn mat der Mobile Web Search dann och op d'Handyen. Dee rezentste grousse Schratt an der Entwécklung vu Google gouf et iwwerdeems dëst Joer. Zanter 2023 ass mat Bard en Chatbot, deen op Basis vu kënschtlecher Intelligenz funktionéiert, disponibel.

Well ee mat der Entwécklung vun enger eegener Video-Plattform net wéi geplangt virukënnt, decidéiert ee sech 2006 kuerzerhand de Startup Youtube fir 1,65 Milliarden Dollar ze kafen. Bis haut huet Google oder Alphabet - wéi d'Firma zanter 2015 heescht - iwwerdeems 256 aner Entreprise ganz oder zum Deel opkaaft.

Dat alles huet Google zu der Sichmaschinn gemaach, déi mat Ofstand am meeschte genotzt gëtt. 92 Prozent vun den deegleche Sichufroen am Internet ginn iwwer Google gemaach. Pro Mount gëtt den Internetsite google.com 89,3 Milliarde Mol opgeruff an all Dag ginn 8,5 Milliarde Sich-Ufroen traitéiert.