Dëst wier déi eenzeg Léisung, fir kënnen CO2-neutral ze ginn, esou de Maersk-Chef Vincent Clerc.

D'Schëff ass vun Hyundai a Südkorea gebaut ginn a gouf vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen um Donneschdeg gedeeft ginn.

RTL

© AFP

Maersk ass déi zweetgréisst Reederei vun der Welt an huet nach 24 weider E-Methanol-Schëffer bestallt.

Domat kéint de Konzern eng 2,3 Milliounen Tonnen CO2-Emissiounen am Joer gespuert ginn.

Weltwäit produzéiert de Schëffsverkéier méi CO2-Emissiounen wéi de Fluchverkéier.

E-Methanol gëtt aus CO2 a gréngem Waasserstoff gemaach.