Musk widdersprécht Medien: Twitter wäert net aus EU verschwannen

© AFP
Dem Business Insider no géing den Elon Musk doriwwer nodenken, fir "X" aus der EU zréckzezéien, respektiv de User den Accès ze spären.
Den Elon Musk ass onzefridde mam Digitalgesetz DSA, dat grouss Online-Plattformen dozou verflicht, ënnert anerem géint Hatespeech an Onwourechte virzegoen.
De Musk huet awer kuerz nom Publizéiere vum Artikel vu Business Insider matgedeelt, datt hien net géif driwwer nodenken, fir sech mat "X" aus der EU zeréckzezéien. Dës Ausso wier "komplett falsch", schreift hien op "X".
Der EU-Kommissioun no géing "X" deem awer nëmme bedéngt nokommen. D'Online-Plattform huet iwwerdeems och schonn e Froekatalog vun der Kommissioun kritt wéinst Gewaltopriff a Falschinformatiounen no der Attack vun der Hamas op Israel. Den Elon Musk weist dofir awer nëmme wéineg Versteesdemech.