Wéi géif ee Geriichtsprozess ausgoen, bei deem déi Kënschtlech Intelligenz op der Uklobänk sëtzt?

Iwwert keng aner technologesch Innovatioun aus de leschte Jore gëtt de Moment esouvill diskutéiert, wéi iwwert d'KI.

Wat sinn hir Chancen, a wat sinn hir Risiken? Wéi muss d'Kënschtlech Intelligenz reglementéiert ginn, fir ze evitéieren, dass d'Maschinnen iergendwann ze vill Afloss op eist Liewe kréien?

Dës zum Deel ganz komplex Froe goufen um Donneschdeg op enger grousser Konferenz vu Lëtzebuerger an Internationalen Experten diskutéiert - an dat effektiv a Form vun engem fiktive Geriichtsprozess.