LuxConnect a Proximus stelle gemeinsame Projet Clarence vir
Luxconnect a Proximus hunn e Mëttwoch "Clarence" offiziell virgestallt, eng Lëtzebuergesch-Belsch Joint Venture, déi eenzegaarteg ass.
Et ass e Service, deen et Entreprisen an och staatlechen Acteure méiglech mécht, wäertvoll Daten zu Lëtzebuerg ze späicheren. Eng Zort Safe fir Donnéeën. An zwar an den Datenzentren vu LuxConnect zu Biissen an zu Beetebuerg.
Am Mäerz goufen d'Kontrakter an den USA ënnerschriwwen an deemools hat Google eng "meaningful presence" zu Lëtzebuerg versprach. Dat Versprieche léise si elo an, seet de Generaldirekter vu LuxConnect, de Paul Konsbrück.
Virun iwwer 6 Méint hat et och geheescht, datt den Datenzenter vu Google zu Biissen keng Prioritéit méi fir d'Entreprise ass. De Generaldirekter vu Luxconnect seet, et géifen awer kloer Signaler, datt dee Projet net dout ass.
Et gëtt den Ament vill Intressi aus der Industrie, aus dem Gesondheetssecteur, mä zum Beispill och aus dem Beräich vun der Defense, sou de LuxConnect-Generaldirekter Paul Konsbrück weider.
Google stellt d'Basis-Technologie fir dëse Service zur Verfügung.
"Mat 90 Prozent vun den Applikatiounen, déi Google och offréiert a gläichzäiteg ass d'Cloud awer deconnectéiert vu Google. Dat heescht et gëtt keen direkte Lien tëschent Google an dem Client. Google huet absolut keen Zougrëff op d'Donnéeën. Dat geet esou wäit, datt eng Mise à jour, déi muss gemaach ginn, net direkt vu Google ka gemaach ginn, mä iwwert eng Schleis vis-à-vis vun engem Operateur gemaach gëtt an do hu mir en europäeschen Operateur fonnt, deen dat mat eis zesumme mécht."
Dat ass Proximus. Eng Entreprise, wou de belsche Staat den Haaptaktionär ass.
Och wann et scho vill Intressi fir d'Cloud gëtt, ass se den Ament nach net operationell. De Generaldirekter vu Proximus Lëtzebuerg, de Gérard Hoffmann explizéiert, wat nach ze di bleift bis de Projet ka Realitéit ginn.
"Dat éischt ass emol d'Hardware bestellen, wann déi bis do ass, gëtt d'Software opgespillt. E geneeën Datum kann ech net nennen. An der Industrie ass et mat de Liwwerdatumen net méi sou einfach. Mir hoffen, datt dat sech an deenen nächste Méint maache léisst."
LuxConnect a Proximus ginn dovunner aus, datt déi souverän deconnectéiert Cloud fréistens Mëtt d'nächst Joer prett ass.