Russland wëll 2027 hir eege Raumstatioun a Betrib huelen

Am Géigesaz zur NASA wëll Russland sech duerch den aktuellen Zoustand vun der ISS vum Projet zeréckzéien a plangt seng eege Raumstatioun.
De russeschen Deel vun der Internationaler Raumstatioun ISS ass no den Informatiounen vun der Raumfaartagence Roskosmos ze al, fir weiderhin ze funktionéieren. 80 Prozent vun der russescher Ausrëschtung hätte schonn "all d'Garantiefriste" fir e séchere Betrib iwwerschratt. Dat deelt de Chef vu Roskosmos Juri Borissow dem staatleche Fernseesender Rossija-24 mat. D'ISS géing un "d'Enn vun hirer Existenz" kommen.
D'ISS ëmkreest eise Planéit zanter 1998 an ass zënter der russescher Invasioun an der Ukrain am Februar 2022 ee vun deene wéinege Beräicher, an deene Russland an d'USA nach kooperéieren. Hire Betrib war ufanks bis 2024 virgesinn, mä d'US-Weltraumagence NASA wëll se nach bis 2030 notzen.
Roskosmos hätt schonns am Juli 2022 annoncéiert, dass si sech aus dem Projete zréckzéie wëllen. Moskau plangt dofir eng eege Raumstatioun. Dem President Wladimir Putin no soll deen éischte Module am Joer 2027 an de Weltall geschoss ginn.