Fir Notzung ouni Reklammen
Meta féiert Abonnementer fir Facebook an Instagram an

© AFP/Archiv/ALAIN JOCARD
Vun November u kritt een an Europa d'Méiglechkeet, Facebook an Instagram ouni Reklammen ze benotzen, wann een dofir bezilt.
Dat huet d'Mammegesellschaft, d'US-amerikanesch Entreprise Meta e Méindeg annoncéiert. D'Abonnementer kaschten 9,99€, wann ee se an engem Internetbrowser notzt, oder 12,99€ fir d'App um Handy. Wann ee personaliséiert Reklammen akzeptéiert, kann een d'Plattformen nach ëmmer gratis benotzen. Als Grond fir d'Aféiere vum Abonnement gëtt Meta d'Ufuerderunge vum europäesche gesetzleche Kader fir den Dateschutz un.
Am meeschte gelies