Um Dënschdeg gouf d‘App “LuxChat“ fir de Grand-Public opgemaach. Bis ewell war de Service fir déi intern Kommunikatioun tëscht Staatsbeamten reservéiert.

WhatsApp wéilt een heimat zwar keng Konkurrenz maachen – gebraucht géif d‘App awer ginn. Och Entreprisë kenne vum Service profitéieren. Virun allem Datesécherheet steet am Vierdergrond.

Vun den 25.000 Beamten hunn 8.000 reegelméisseg iwwert dës kommunizéiert, heescht et aus dem Digitalisatiounsministère. No de katastrophalen Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg war d‘Iddi fir esou en nationalen a ofgesécherte Service opkomm. 2022 gouf d‘Entwécklung vun der Lëtzebuerger Applikatioun offiziell annoncéiert. „Mir si kee Facebook, mee mir wëllen eppes fir d‘Zukunft opbauen,“ erkläert de Responsabele vu Luxchat, de Claude Demuth, bei der Presentatioun am Kader vun de Lëtzebuerger Internet Days um Kierchbierg: „Well et ëm d‘Confiance geet vun der Privatsphär vun de Leit. Mir garantéieren als Eco-System mat méi Prestatairen, datt keng Donnéeë verkaf ginn a keng Donnéeë mëssbraucht gi vun de Leit. D‘Applikatioun ass sécher. Se ass “encrypted“ an domat hu mir eng national Léisung, fir mat Vertrauen ze kommunizéieren.“

Gratis Servicer ewéi WhatsApp sammelen Donnéeën aus Messagen, fir dës fir d‘Schafe vun ugepassten Online-Reklammen ze verkafen. Mat der Lëtzebuerger Alternativ bleiwen Donnéeën am Grand-Duché. D‘Plattform entsprécht och der Lëtzebuerger an europäescher Dateschutz-Gesetzgebung. De Service awer wier net just fir Privatpersounen intressant, esou de Claude Demuth, och Entreprisen kéinten esou fir hir Mataarbechter oder Clienten en ofgeséchert Ëmfeld schafen: „Ee vun eise Partneren ass och d‘Post Lëtzebuerg. Déi kucken, fir an der noer Zukunft fir den E-mail duerch esou en Chat-System ze ersetzen. Well och E-maile sinn net sécher.“

De Privatnotzer doheem kann ewéi op anere Servicer Text, Biller, Videoen, oder och Dokumenter verschécken. Dës sinn op 50 Megabytes limitéiert. Bei der Umeldung fir Luxchat mellt ee sech via LuxID un. En neien Identitéits-Service, deen eng Rei Lëtzebuerger Partner ausgeschafft hunn, ënner anerem Post Lëtzebuerg, CFL, Cactus an och RTL.

Fir den aktuellen Digitaliséierungsminister Marc Hansen ass d‘Applikatioun eng Chance, fir den Eco-System ronderëm d‘Cyber-Security zu Lëtzebuerg weider auszebauen an ze stäerken: „Et ass wichteg, datt een an esou Saachen investéiert. Datt een Acteuren huet, déi op esou Servicer oppassen an, datt mer kënnen den Impuls ginn, fir nei Servicer ronderëm opzebauen, déi dann och an de Betriber a vun de Leit dobausse kënne benotzt ginn.“