Den 31. Oktober huet d'European Payment Initiative annoncéiert, dass d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Firma "Payconiq International" ofgeschloss ass.

Wéi Delano schreift, hätt Payconiq um Enn vum Joer 2022 Verloschter vun insgesamt 93 Milliounen € opweises gehat.

Beim Keefer, der European Payments Initiative (EPI), handelt et sech ëm e Konglomerat aus 14 europäesche Banken an zwou Technologie-Firmen. D'Technologie, déi hannert Payconiq stécht, soll an der EPI hiren eegene Service, fir digital ze bezuelen, mam Numm "Wero" integréiert ginn.

2 (BNP Paribas an ING) vun de 5 Lëtzebuerger Banken, déi den Ament Payconiq ubidden, sinn iwwerdeems Member vun der EPI.*

*An enger éischter Versioun vum Artikel hat et geheescht, datt keng vun de 5 Lëtzebuerger Banke Member vun der EPI wier.