Instagram an TikTok bitt a Frankräich en Alarmknäppche fir Mobbing-Affer

© Envato (Symbolbild)
Et ass fir d'éischte Kéier, dass Onlineplattforme wéi Instagram, Facebook an TikTok a Frankräich en extra Service fir Mobbing-Affer ubidden.
Mat engem Alarmknäppche kommen déi Betraffen direkt bei enger Hotline eraus, huet déi franséisch Premierministerin Elisabeth Borne en Donneschdeg bei enger Visitt an enger Schoul zu Paräis erkläert. "Mobbing ass eng Plo, déi ville Schüler d'Liewe vermiest".
Jiddereen, deen den neie "Sécherheetsknäppchen" uklickt, gëtt un eng national Hotline weidergeleet, bei där Psychologen a Juristen d'Affer vun esou engem Gepisaks an Diskriminéierungen am Internet beroden. D'Hotline ass ënnert der Nummer 3018 landeswäit vun 9 bis 23 Auer z'erreechen.
No e puer Suicide-Fäll vu Jugendlechen a Frankräich sollen donieft all d'Schülerinnen a Schüler vun der drëtter Klass un e Froebou zu méigleche Mobbing-Erfarungen ausfëllen. Esou kéint een d'Stëmmung an de Schoule moossen an d'Schüler kënne sech bewosst ginn, wéi eng Situatioun net méi normal ass, sou d'Borne.
D'Gesellschaft misst sech mam Thema befaassen, well et och nach ëmmer Erwuessener géif, déi sech dem Ausmooss an der Wierkung vu Mobbing net bewosst sinn. Dat sot d'franséisch Ministerin an der Paräisser Schoul, wou si e puer Kanner getraff huet, déi vun hire Mobbing-Erfarungen bericht hunn.
Passend ass zanter e Freideg och eng nei Campagne op den Onlineplattformen ze gesinn, mam Slogan: "Spille mir net erof, wat eis Kanner erliewen". Se weist Elteren, déi hire Kanner hir Mobbing-Erliefnesser net eescht huelen.
Déi franséisch Regierung hat schonn am Ufank vum Schouljoer annoncéiert, méi decisiv géint Mobbing virzegoen. Sou solle Schülerinnen a Schüler, déi anerer schikanéieren, an Zukunft den Accès zu de besote Plattforme gespaart kréien. De Bildungsminister Gabriel Attal wëll donieft vum nächste Joer u sougenannten Emphantiecoursen nom dänesche Virbild aféieren. Do soll dann zum Thema Mobbing sensibiliséiert ginn, dës Opklärung betrëfft dee Moment och d'Elteren an d'Léierpersonal.
A Frankräich ass schätzungsweis en Zéngtel vun de Schülerinnen a Schüler vu Mobbing betraff. Sëllege Suicide vu Jugendlechen, déi am Virfeld iwwer en andauernd Kujenéiere geklot haten, haten dem Thema zu enger nach méi grousser Opmierksamkeet verhollef. Een Dag nodeems d'Schoul ugefaangen hat, hat sech de 15 Joer alen Nicolas sech an senger Kummer erhaangen. Seng Elteren haten am Virfeld d'Schouldirektioun informéiert a sech beschwéiert, dass net genuch reagéiert gouf.
De President Emmanuel Macron hat dësem Sujet "héchst Prioritéit" zougesprach. Seng Fra setzt sech scho méi laang dofir an, psychesch Gewalt a Schoulen ze bekämpfen.