Lifehacks fir Cybersécherheet
Vläicht kënnt et Iech bekannt fir: SMSen, déi Päck ukënnegen, déi een ni bestallt huet, falsch geschriwwe Bank-Mailen oder Uriff vun auslänneschen Nummeren
Esou Attacke ginn ëmmer méi heefeg. D’Kriminalitéit am digitale Raum kann ee lukratiivt Geschäft sinn. "Déi E-Mailen, déi ginn Dausende Milliounefach verschéckt a wann si da verschidde bestëmmten Affer hunn, déi dorobber erafalen, da maache si schonn domadder hir lukrativ finanziell Geschäfter", esou de Jeff Kaufmann vu BEE SECURE.
Dofir réit hien, ni op ee Link an enger SMS oder enger Mail ze klicken, mee éischter iwwert d'App oder d'Website eranzegoen.
Wann een nämlech op ee Link klickt, da gëtt een dacks op eng Säit weidergeleet, déi kritesch Informatiounen offreet, zum Beispill d'Passwuert. Wann een déi agëtt, kann et sinn, dass een eng Feelermeldung kritt, de Schued ass dee Moment awer scho geschitt. D'Ersteller vum Phishingmessage konnten d'Passwuert schonn ofgräifen. Déi Informatiounen huele si, fir selwer Profit draus ze schloen, oder verkafen si virun. Dofir dauert et heiansdo och laang, bis een de Schued reell bemierkt.
Op der Helpline bei BEE SECURE sinn d'Uriff vu Leit, déi sech berode loossen, an d'Luucht gaangen. Dofir hu si sech dofir entscheet, mat enger neier Campagne nach eng Kéier iwwert verschidde Basics opzeklären. Wann een op e puer Saachen oppasst, da kann ee vill Versich vun digitalen Attacke schonn evitéieren
"Beim Hacking hunn d'Leit oft déi Virstellung vun deem Typ, dee mat engem schwaarze Pullover an engem Keller an engem däischtere Raum viru lauter Ecran setzt an da ganz sophistiquéiert Leit hacke geet. Mee oft fänkt den Hacking awer schonn zum Beispill do un, dass een einfach Accès kritt op engem säi Gerät." An dat kann och physesch sinn. Wann ee beispillsweis säin Handy leie léisst a friem Leit Zougrëff dozou kënne kréien.
Enger Ëmfro vun BEE SECURE no hate 25 Prozent vun de knapp iwwer 500 Befrote kee Pin oder eng aner Spärung op engem Handy. E staarkt Passwuert ass e wichtege Pilier am Schutz géint den Hacking. 2023 wär dat meescht benotzte Passwuert 123456 gewiescht. De Jeff Kaufmann réit zu engem Saz als Passwuert: "Eise Lifehack ass, do einfach e Saz ze maachen. Zum Beispill: Ech iessen all Dag eng Pizza 4 Saisons. Dat ass och e gutt Passwuert, well dat ass e laangt Passwuert, besteet aus méi wéi zwielef Zeechen. Groussbuschtawen, kleng Buschtawen a souguer Sonnerzeeche mat den Zifferen dran. Dat ass dann e staarkt Passwuert, wat een sech dann och nach genau esou gutt verhält, wéi 1, 2, 3, 4, 5, 6."
Wat een ënner "Sex Tortion" versteet, wéi Phishing, Hacking a Co fonctionéiert, a wéi ee sech mat nach méi Lifehacks schütze kann, kann een och an de Videoe vun BEE SECURE nokucken. Hir Experte verroden all méiglech Tipps an Tricks. Dat ass iwwregens e Link, op deen ee gudde Gewëssens drécke kann.