Wéi den ChatGPT-Entwéckler OpenAI matgedeelt huet, wäert de Sam Altman als Chef vun der Firma zeréckkommen, nodeems hie réischt e Freideg entlooss gouf.

Well den 38 Joer alen Altman a senger Kommunikatioun mam Verwaltungsrot net ëmmer "éierlech" soll gewiescht sinn, gouf hie jo leschte Freideg iwwerraschenderweis entlooss, elo huet OpenAI matgedeelt, datt "e Grondsazaccord doriwwer erziilt" gouf, datt hie säi Posten nees untriede wäert an datt et zu Verännerungen am Verwaltungsrot vun der Softwarefirma komme wäert.

De Sam Altman gëllt als Gesiicht vun OpenAi, der Entreprise, déi ënnert anerem de KI-Chatbot "ChatGPT" entwéckelt huet. No senger Entloossung haten Honnerten OpenAI-Mataarbechter domadder gedréit, ze kënnegen a bei den Tech-Gigant Microsoft ze wiesselen.

Dësen ass schonn enk mat OpenAI verbonnen: Microsoft huet scho méi wéi 10 Milliarden Dollar an déi 2015 gegrënnt Startup-Entreprise investéiert an och schonn a seng Produiten, wéi zum Beispill d'Sichmaschinn Bing integréiert.