Wéi de Chef vun der schweedescher Streaming-Entreprise Daniel Ek ugekënnegt huet, wäerten et spierbar Aschnëtter beim Personal ginn.

Deemno solle ronn 17% vun allen Aarbechtsplaze gestrach ginn. Dat obwuel Spotify am leschte Quartal ausnamsweis mol nees Benefice verzeechne konnt. "Ech si mer bewosst, datt eng Kierzung vun dëser Gréisstenuerdnung fir vill en vue vun de leschte positive Resultater an eiser Leeschtung iwwerraschend grouss schéngt", sou den Daniel Ek iwwert seng "schwéier Entscheedung". D'Käschte wiere weiderhin ze héich, trotz alle Beméiungen, dës am Joer 2022 ze reduzéieren, sou de Spotify-CEO weider.

De Streamingdéngscht, dee besonnesch an exklusiv Inhalter wéi Podcaste vill Suen investéiert, konnt nach ni e Joresbenefice erzilen. Wärend ee vu Juli bis September e Gewënn vun 32 Milliounen Euro gemaach huet, war et am selwechten Zäitraum e Minus vun 228 Milliounen Euro, obwuel d'Zuel vun Utilisateuren, déi fir de Service bezuelen, ëm 16 Prozent, also op 226 Millioune Mënsche geklommen ass.

2017 hu ronn 3.000 Leit fir Spotify geschafft. Dës Zuel huet sech bis Enn 2022 op ronn 9.800 verdräifacht.