EU eenegt sech op Reegele fir Kënschtlech Intelligenz

© AFP Archivbild
No zéie Verhandlungen hu sech d'EU-Parlament an d'EU-Staaten an der Nuecht op e Samschdeg op d'Grondreegele vum sougenannten "AI Act" gëeenegt kritt.
An der EU soll et deemno an Zukunft méi streng Reegele fir Kënschtlech Intelligenz ginn, kuerz KI. Bei kriteschen Infrastrukturen, Sécherheetsautoritéiten a Personalverwaltunge soll deemno d'Kontroll duerch Mënsche garantéiert ginn.
Et ass der EU no dat éischte Gesetz, dat den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz reegelt.
Den EU-Bannemaartkommissär Thierry Breton huet den Accord als "historesch" bezeechent. D'EU wäert den alleréischte Kontinent sinn, dee kloer Reegele fir d'Notze vu KI setze wäert. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet erkläert, d'KI-Gesetz géif d'Sécherheet an d'Grondrechter vu Mënschen a Firme schützen.
Nom politeschen Accord mussen an den nächsten Deeg nach technesch Detailer ausgeschafft ginn. D'Reegele sollen ënner anerem d'Qualitéit fir déi fir d'Entwécklung vun Algorithme genotzten Date garantéieren a sécherstellen, dass bei der KI-Entwécklung keng Droits d'auteur verletzt ginn.
D'Hoffnung ass, dass no der EU nach aner Länner nozéien.