Mat Vision Pro setzt Apple op eng nei Technik, déi enges Daags de Computer a Smartphonen ersetze kéint.

Ufank Februar wäert de Brëll fir ronn 3.500 Dollar an den USA op de Marché kommen, deelt den Hiersteller um Méindeg mat. Wéini en an Europa wäert ze kafe sinn a wéi vill en hei kaschte wäert, ass nach net bekannt.

Apple Vision Pro soll digitale Contenu an d'Realitéit abaue kënnen. De Konzern gesäit doran eng Méiglechkeet, Uriff iwwer Facetime oder Fernsee-Contenuen ouni Bildschierm notzen ze kënnen. Ongewéinlech ass och en Display um Brëll, deen déi verdeckten Aen-Partie uweist, sou dass een den Androck huet, de Brëll wier transparent.

Am Präis mat abegraff sinn zwee verschidde Bänner fir de Brëll unzedoen, en Dichelchen fir déi zwee Displayen an de Chargeur. Zousätzlech Glieser fir Leit mat enger ageschränkter Vue kaschte ronn 149 Dollar.

Aktuell ass de VR-Brëll vu Meta am stäerksten um Marché vertrueden. Hiren neiste Modell Quest 3 kann och digital Inhalter mat der reeller Welt vermëschen, ass mat engem Präis vu 500 Dollar awer däitlech méi bëlleg.