Apple huet wuel 2023 weltwäit déi meeschte Smartphone verkaf

Grad d'Chrëschtgeschäft hätt dem amerikanesche Produzent an d'Kaarte gespillt. Hei gouf et par Rapport zum leschte Joer eng Hausse vun 11,6 Prozent vun der Vente op iwwer 80 Millioune Geräter, Samsung dogéint war ëm 11 Prozent op 53 Milliounen Handye gefall. / © AFP
Bis ewell stoung Apple nach ni op der éischter Plaz vun dëser Kategorie an et huet ee Samsung op d'Plaz 2 verwisen.
234,6 Milliounen Handye vun Apple goufen dat lescht Joer verkaf, esou d'Berechnunge vu Maartfuerscher. Samsung dogéint hätt "just" 226,6 Milliounen nei Smartphonen un de Mann oder un d'Fra bruecht.
2011 hat Samsung Nokia vum Troun gestouss a war zanterhier ëmmer un der Spëtzt. Ma dat lescht Joer ass de Verkaf ëm 13,6 Prozent zeréckgaangen an Apple huet 3,7 Prozent zougeluecht.