Wéi Jaxa en Donneschdeg matgedeelt huet, ass der Sond "Slim" e Samschdeg eng "punktgenee douce Landung gelongen". Elo goufen éischt Biller publizéiert.

D'Sond war schonn e Samschdeg ronn 55 Meter vum Zilpunkt fort gelant, wéinst Problemer mat der Stroumversuergung misst se allerdéngs temporär ofgeschalt ginn. D'Weltraumagence hat e Méindeg awer betount, datt en Neistart méiglech wier, wann et eng gënschteg Sonnenastralung op d'Solarzelle géif ginn.

Mat der Sond Slim huet Japan den insgesamt drëtte Versuch lancéiert, eng erfollegräich Moundlandung duerchzeféieren. Bis ewell ass dat just den USA, der Sowjetunioun, China an Indien gelongen.