D'Musek vu Kënschtler, déi bei Universal Music ënner Vertrag stinn, kéint deemnächst vum Onlinedéngscht Tiktok verschwannen. Grond ass e Vertragssträit.

Wéi et vun Universal en Dënschdeg geheescht huet, konnte sech béid Säiten op keen neien Accord eenegen. Deen aktuelle leeft e Mëttwoch aus. De Musek-Gigant reprochéiert der chineesescher Social-Media-Plattform, kee "faire Präis fir d'Musek ze bezuelen", mä nëmmen e "Brochdeel" vun dem, wat vergläichsweis aner Online-Reseaue bezuele géifen.

Och gëtt reprochéiert, Tiktok hätt am Laf vun den Negociatioune versicht, Universal "anzeschüchteren" an de Major-Label an e Vertrag ze drängen, dee fir Universal nach manner lukrativ wier, wéi bis ewell. D'Plattform soll deemno Lidder vu manner bekannten Universal-Kënschtler "selektiv" gestrach hunn.

Tiktok huet d'Virwërf zeréckgewisen an et als "traureg" bezeechent, datt d'Universal Music Group hir "Gier iwwer d'Interessie vun hire Kënschtler" stelle géif.

Bei de Verhandlungen tëschent Universal an Tiktok goung et Universal no ëm dräi Haaptsujeten, nämlech eng "adequat Remuneratioun" fir d'Kënschtler, d'Protektioun vun dëse virun de "schiedlechen Effekter vu kënschtlecher Intelligenz" an "Online-Sécherheet" fir d'Utilisateure vun Tiktok.

Bei Universal si Kënschtler wéi Taylor Swift, Bad Bunny, Drake, Billie Eilish, Harry Styles, Sting oder och The Weeknd ënner Vertrag. Streaming- oder Online-Plattformen, wéi an dësem Fall Tiktok, bezuele Labele wéi Universal Suen, fir vun hinne lizenzéiert Musek ofspillen ze kënnen.