Nei Méiglechkeet fir Videoe mat kënschtlecher Intelligenz

© AFP/Kirill KUDRYAVTSEV
Déi amerikanesch Entreprise AI, déi och ChatGPT entwéckelt huet, huet elo eng nei Applikatioun erausbruecht.
Dës benotzt kënschtlech Intelligenz, fir realistesch Videoen ze kreéieren. Dat Ganzt nennt sech "Sora" a ka Videoe bis zu enger Längt vun enger Minutt produzéieren. Et misst ee just e kuerze Befeel an Textform aginn, deelt OpenAI um Donneschdeg mat.
Aktuell kéint eng "limitéiert Unzuel u Kënschtler" d'Applikatioun testen. Fir ze demonstréieren, wat Sora alles kann, huet de Chef vun Open-AI, de Sam Altman, d'Leit iwwer X opgefuerdert, hir Proposen anzereechen. E bësse méi spéit, huet den Altman e Video verëffentlecht. Ze gesinn ass en Déier, "hallef Int, hallef Draach", virun engem "wonnerschéine Sonnenënnergang", dat flitt an dobäi en "Hamster am Abenteuer-Outfit" um Réck huet.
Allerdéngs huet Sora nach e puer Schwächten a verwiesselt riets a lénks. Weider feelt et nach un der Kontinuitéit. Wann e Mënsch zum Beispill an e Kichelche bäisst, huet dësen duerno keen Zännofdrock.