Ëmfro: Wéi gesäit d'Investissement an de Smartphone zu Lëtzebuerg aus?

© AFP
Enger Ëmfro an Däitschland no hale vill Leit hir Smartphones an Handye méi laang, wéi dat nach virun e puer Joer de Fall war.
Dat geet aus enger Ëmfro vum Digitalverband "Bitkom" ervir, déi verschidden Ëmfroen zu a ronderëm de Smartphone gemaach hunn. Vun de Befroten hu nach knapp 43 Prozent uginn, datt hiert Gerät méi jonk wéi ee Joer ass, 2023 waren et nach 55 Prozent an 2022 esouguer 60 Prozent.
Eppes méi wéi all Véierten (27%) hunn hiren Handy schonn op d'mannst zwee Joer am Gebrauch, 2023 waren dat nach just 23 Prozent an 2022 16 Prozent. Rechent een d'Moyenne vum Alter vun den Handyen, déi d'Leit benotzten, kënnt een op 17,5 Méint.
69 Prozent vun de Leit hunn hire Smartphone selwer kaf, 6 Prozent kruten en als Kaddo an 23 Prozent notzen hiren Déngschthandy och Privat.
De Grond, wisou d'Leit hir Smartphone méi laang notzen, ass Bitcom no, datt déi nei Geräter méi robust sinn an een och däitlech méi laang Updates dofir kritt. Dësen Trend wierkt sech dann och positiv op den CO2-Foussofdrock vun de Geräter aus. En neien Trend ass et dann och, Occasiounen ze kafen, déi kontrolléiert goufen an nees mat Garantie op de Maart kommen. Hei schwätzt ee vun engem "refurbished" Smartphone
Och wat d'Leit fir hir Handyen ausginn, huet sech an de leschte Jore geännert. 2024 goufe bis ewell an der Moyenne 523 Euro fir een neie Smartphone investéiert, wärend et d'Joer virdrun nach 567 Euro waren. Dëst geet zeréck op déi vill däitlech méi gënschteg Modeller, déi op de Maart kommen. Eng Hausse dogéint schéngt et bei de Suen, déi d'Leit am Beräich vun den Appen ausginn. Do rechent een dëst Joer mat ronn 2,24 Milliarden Euro, e Plus vun 2 Prozent.