Éischt kommerziell Moundlandung gegléckt
Et ass eng Première an der Geschicht vun der Raumfaart: Eng privat Firma ass mat enger Sond um Mound gelant. Domat sinn d'USA no 50 Joer zréck um Mound.
"Houston, den 'Odysseus' huet en neit Doheem fonnt." An der Nuecht op e Freideg koum d'Confirmatioun aus den USA, datt de "Lander" mam Numm "Odysseus", kuerz och "Ody", um Mound opgesat huet. "Mir kënnen ouni Zweiwel confirméieren, datt eis Ausrüstung op der Uewerfläch vum Mound ass an datt mir senden", huet et eng gutt 20 Minutten no der Landung um 00.23 Auer eiser Zäit aus dem Kontrollzenter vun der Firma "Intuitive Machines" geheescht.
Domat ass et och gläichzäiteg déi éischt amerikanesch Moundlandung zanter den Apollo-Missiounen an de 60er a 70er Joren. "Haut ass Amerika déi éischt Kéier zanter engem hallwe Joerhonnert op de Mound zréckgaangen", sot den NASA-Chef Bill Nelson. "Um 8. Dag vun enger Rees vun enger Véierelmillioun Meilen huet Intuitive Machines d'Landung mat Bravour gepackt. Wat e Succès fir Intuitive Machines, SpaceX an d'NASA. WAt en Triumph fir d'Mënschheet. Odysseus huet de Mound eruewert."
A wéi engem Zoustand d'"Nova-C" no der Landung war, war bis ewell nach net genee gewosst. Um Ufank goufen nëmme schwaach Signaler empfaangen. Et géing een awer doru schaffen, méi staark Signaler ze kréien, heescht et weider aus dem Kontrollzenter.
D'"Nova-C" ass esou grouss wéi eng almoudesch Telefonskabinn, huet Aluminium-Been a weit 700 Kilo. 130 Kilo Gepäck ka se lueden. De gréissten Deel dovun huet d'NASA mat Fuerschungsapparater genotzt. Ma trotzdeem hunn och kommerziell Entreprisë sech Plaz op der Sond geséchert. Wéi zum Beispill den US-Kënschtler Jeff Koons, deen 125 Mini-Skulpture mat op de Mound geschéckt huet.
Den Odysseus war virun enger Woch u Bord vun enger SpaceX-Rakéit vun der US-Raumfaartgare Cape Canaveral an de Weltall gestart.
Eréischt de leschte Mount war d'US-Firma Astrorobotic mat enger änlecher Missioun gescheitert. Wéinst enger Fuite um Tank huet de Moundlander sech virun der Arrivée um Mound misse selwer zerstéieren.