Amazon Prime féiert Reklammen an de Videoen an

© AFP
Wéi et an engem Communiqué vun Amazon Prime u seng Memberen heescht, wäerten et a ville Länner vum 9. Abrëll un Reklammen a Serien a Filmer ginn.
Och vill Lëtzebuerger notzen de Streaming-Déngscht vun Amazon, ma mierkt den Ubidder awer un, dass weder Lëtzebuerg, d'Belsch, nach Holland vun dëser Ännerung, betraff wäert sinn. Ob alle Fall fir den Ament.
"Les clients en Belgique, aux Pays-Bas et au Luxembourg ne verront pas de publicités dans leur expérience pour le moment.", Amazon a senger Matdeelung.
Konkret geet et hei, an hei ass Amazon Prime dann och erstaunlech éierlech, ëm d'Méiglechkeet weider an "attraktiv Contenuen" investéieren, an och d'Investissementer an Zukunft kënnen ze finanzéieren a sou gudde Contenu fir d'Streaming-Plattform Amazon Prime ze garantéieren. Et versprécht een awer wäit ënnert der Moyenne vu Reklammen ze bleiwen, wéi dat bei der Tëlee oder anere Streaming-Déngschter de Fall ass.
Fir 1,99 Euro méi op der Rechnung, kann een dann awer och optional säin Abonnement upgraden a kritt da keng Reklammen ugewisen.
Wéi gesot, fir de Moment ass dëst nach net fir Memberen, déi am Grand-Duché wunnen, virgesinn.