1,8 Milliarden Euro Strof géint Apple

© AFP/Archiv/Josh Edelson
D'Entreprise hätt seng "iwwerleeë Positioun um Maart e Joerzéngt laang mëssbraucht", esou d'EU-Competitiounskommissärin Margrethe Vestager e Méindeg.
Well den amerikaneschen Tech-Gigant seng Leader-Positioun um Maart genotzt huet, fir seng Musek-Streaming-Applikatioune via säin App Store un iPhone- an iPad-Notzer ze verbreeden, muss Apple elo eng Strof vun 1,8 Milliarden Euro bezuelen.
Besonnesch ervirgehuewe gëtt, dass Apple aneren Entwéckler Restriktiounen operluecht hätt, wouduerch déi d'User vun iOS net konnten iwwer alternativ, méi gënschteg Musek-Abonnementer informéieren. Dat wier ënner EU-Kompetivitéitsrecht illegal.
Déi US-amerikanesch Tech-Entreprise huet als Reaktioun op d'Strof ugekënnegt, juristesch géint dës virzegoen. D'EU-Kommissioun hätt "keng glafwierdeg Beleeg fir Schied un de Verbraucherinnen a Verbraucher". Weider heescht et vun Apple, datt virun allem de weltwäiten Nummer-1-Musek-Streamingdéngscht Spotify vun der Decisioun profitéiere géif.
Et ass déi éischte Kéier, datt d'Entreprise wéinst Verstéiss géint dat europäescht Competitiounsrecht verurteelt gëtt. Vun en Donneschdeg u gëllen duerch dat neit Gesetz fir digital Marchéen ausserdeem zousätzlech Reegele fir Tech-Firmen. Apple muss deemno seng Systemer méi fir d'Konkurrenz opmaachen.