Den Airlander 10 soll 2028 déi éischt kommerziell Volle mat Passagéier fléien.

Dat deelen d'Entwéckler mat. D'Pläng fir dës klimafrëndlech, awer och lues Aart a Weis vum Reese wier "voll am Gaangen", esou déi brittesch Entreprise Hybrid Air Vehicles (HAV). D'Produktioun soll nach dëst Joer ufänken.

Den Airlander 10 ass mat sengen 91 Meter dee gréisste Passagéierfliger vun der Welt an deemno och méi grouss, wéi den Airbus A380. Trotzdeem géing e bis zu 75 Prozent manner Emissioune verbrauchen, esou HAV. Weider plangt den Entwéckler eng hybrid an eng voll elektresch Versioun. Dës géingen d'Emissiounswäerter weider miniméieren.

Eng Alternativ zu de gewéinleche Passagéierfliger gesinn Experten awer net. "Als Transportmëttel fir laang Strecke gesinn ech op enger Geschäftsbasis keng Zukunft, well d'Vitess däitlech ze geréng ass", erkläert den Andreas Schäfer, Direkter vum Labo fir Lofttransport um University College zu London.

Fir den Airlander 10 ginn et aktuell 23 Virbestellungen, dovun 20 vun der spuenescher Regionalfluchgesellschaft Air Nostrum. D'Loftschëff kann um Waasser an um Land starten a landen, fënnef Deeg an der Loft bleiwen an 7.000 Kilometer zréckleeën. Dat mat enger Vitess vu ronn 140 Kilometer an der Stonn.

RTL

© AFP/Daniel LEAL