RTL bitt Iech méi e grousse Choix bei de Push-Optiounen. Dofir musst Dir awer Är App eng Kéier komplett zou- an nei opmaachen.

Bis ewell konnt Dir op RTL.lu tëscht de Kategorien "News", "Sport", "People", "Trafic" an "RTL-Programm" wielen. Dës falen zum Deel ewech, ginn opgebrach oder mat anere Kategorië combinéiert.

Wat sinn déi nei Kategorien?

  • Breaking News

Déi wichtegst Noriichten aus alle Ressorten

  • News National

Wichteg Noriichten aus dem Grand-Duché

  • News International

Wichteg Noriichten aus der ganzer Welt

  • Trafic, Meteo a méi

Info a Service vu Stroumpanne bis Spritpräisser

  • Sport News

Wichteg Noriichten a Resultater aus dem nationalen an internationale Sport

  • Sport Stream

De Livesport op RTL.lu

  • Kultur

Wichteg Noriichten aus dem nationalen an internationale Kulturberäich

  • Lifestyle

D'News aus der Welt vun de Promien an de Royals

  • Panorama

Technologie, Wëssenschaft a Fait diversen op ee Bléck

  • Fotosgalerien

Déi flottsten Impressioune vun eise Fotografen, dat vun Eventer, Fester, Concerten, Sport oder News.

Wéi kréien ech déi nei Pushen?

Jiddereen, deen d'RTL-App abonéiert huet, kritt déi nei Kategorien automatesch bäigesat, dofir musst Dir just eng Kéier Är RTL-App komplett zou- an nees nei opmaachen. Déi nei Push-Kategorië ginn och direkt schaarf gestallt. All User huet awer d'Méiglechkeet, op der Iwwersiichtssäit vun de Pushen dono sech just fir déi Kategorien, déi hien oder si interesséieren, z'abonéieren.

Fir IOS - iPhone

Fir Android

Dir kritt keng Pushen? - Schalt se op Ärem Handy nees fräi

Déi meescht Handyen, sief et Android oder IOs, ginn Iech d'Optioun, um Gerät selwer Är Pushen un- oder auszemaachen. Ass dëst eng Kéier aus, kënnt Dir zwar an der App Är Pushen auswielen, déi kommen awer net bei Iech un.

Hei eng kuerz Iwwersiicht, wéi Dir Är Pushen op Ärem Smartphone nees astelle kënnt.

Fir IOS - iPhone

Fir Android

Hutt Dir weider Froen?

Dann zéckt net a mellt Iech bei eis iwwert eise Feedback-System.