Eigentlech sollten 3 Astronaute vu Kasachstan aus op d'ISS fléien. Wéinst Problemer gouf de Fluch awer ofgebrach. De Cargo-Vol vu SpaceX ass awer gestart.

Nieft der NASA-Astronautin Tracy C. Dyson sollten och de Roskosmos-Kosmonaut Oleg Novitskiy an d'Marina Vasilevskaya aus Belarus mat der russescher Sojus MS-25 vum Kosmodrom a Kasachstan op déi International Raumstatioun fléien.

20 Sekonne virum Start vun der Rakéit gouf de Fluch allerdéngs wéinst Problemer ofgebrach. Wéi am Livestream vun der NASA erkläert gouf, wieren d'Motoren net an der eigentlech erwaarter Reiefolleg gezünt. Doduerch wier zum Ofbroch komm. Ingenieuren hunn en Donneschdeg op der Ofschossplattform analyséiert, wat d'Ënnerbriechung ausgeléist kéint hunn. Deen nächsten Zäitraum fir e Start an den All soll dem NASA-Kommentator no eréischt e Samschdeg de Moie sinn.

Nieft der Roskosmos-Rakéit sollt en Donneschdeg och eng Cargo-Rakéit sech vum Cape Canaveral a Florida op de Wee op d'ISS maachen. Am Livestream war dovu rieds, datt dëse Start eventuell och op der Kipp stoe kéint, ma d'Rakéit vu SpaceX ass awer géint 22 Auer mat Succès gestart.

Firwat sollten d'Astronauten a Kosmonauten op d'ISS fléien?

D'NASA-Astronautin Tracy C. Dyson, déi schonn eng Kéier 188 an der Ëmlafbunn verbruecht huet, sollt en Donneschdeg op hirem 3. Raumfluch fir eng 6 Méint laang Missioun op déi International Raumstatioun fléien. Hei sollt si als Fluchingenieur d'Expeditioune 70 an 71 verstäerken an am September zesumme mam Oleg Kononenko an Nikolai Chub, déi fir eng Missioun vun engem Joer op der ISS sinn, zréck op d'Äerd kommen.

D'Kosmonauten Novitskiy a Vasilevskaya sollen 12 Deeg op der Statioun bleiwen an den Astronaut O'Hara den 2. Abrëll mat enger Sojus MS-24 mat zréck op d'Äerd bréngen. Bei hirem Retour wäert den O'Hara 200 Deeg am Weltraum gewiescht sinn.

Cargo-Fluch vu SpaceX op d'ISS

Nieft den Astronaute sollt en Donneschdeg och déi 30. Cargo-Missioun vu SpaceX fir d'NASA a Richtung ISS starten. D'Falcon 9-Rakéit ass mat Succès kuerz virun 22 Auer eiser Zäit vun der Weltraumgare Cape Canaveral a Florida ofgehuewen.

D'Missioun mat der Bezeechnung CRS-30, also "Commercial Resupply Services-30" soll dann e Samschdeg de Moien op der Internationaler Raumstatioun ukommen. U Bord vun der Rakéit si Liewensmëttel, Reserven, Ekipement an eng Rei wëssenschaftlech Experimenter. Zum Beispill liwwert d'Falcon 9 eng Rei nei Sensore fir Astrobee-Roboter, déi 3D-Kaarten erstelle sollen.