Ronn eent vu sechs Kanner Affer vu Cybermobbing

© AFP Symbolbild
Ronn all sechst Schoulkand am Alter tëscht 11 a 15 Joer ass der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no 2022 online gemobbt ginn.
Dat ass eng Hausse ëm dräi Punkte bannent véier Joer. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi e Mëttwoch zu Kopenhagen verëffentlecht gouf. De WHO-Regionaldirekter fir Europa Hans Kluge huet et en Alarmsignal genannt an et misst ee géint d'Gewalt virgoen.
Den Undeel vu kierperlechen Iwwergrëff ass mat 11 Prozent quasi stabel bliwwen. D'Joer virdru louch deen Taux bei 10 Prozent. Ma besonnesch zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie wier déi virtuell Form vu Gewalt ënner där Altersgrupp staark geklommen.
"Well jonk Mënsche bis zu sechs Stonnen den Dag online verbréngen, kënne souguer kleng Verännerunge beim Mobbing-Taux déifgräifend Auswierkungen op d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun dausende Mënschen hunn", sou de Kluge.
Der Etüd no hu 15 Prozent vun de Jongen a 16 Prozent vun de Meedercher uginn, dass si an de leschte Méint op d'mannst eemol online belästegt goufen.
D'WHO-Etüd baséiert op d'Aussoe vun 280.000 Kanner a Jugendlecher a 44 Länner an Europa, Zentralasien a Kanada. Deen héchsten Taux vu Cybermobbing gouf bei Jongen a Bulgarien, Litauen, Polen a Moldawien festgestallt, dee klengsten a Spuenien.
Ee vun aacht Jongen huet zouginn, selwer scho gemobbt ze hunn. A bal alle Länner waren 11 Joer al Jongen an 13 Joer al Meedercher am stäerksten ënnert den eenzelen Alterskategorië betraff. D'Akommes vun enger Famill huet dobäi keng Roll gespillt, just a Kanada gouf bei Meedercher ënner méi aarme Famillje däitlech méi Fäll vu Cybermobbing, wéi a räiche Familljen.
An der Etüd heescht et, jonk Mënschen, awer och Familljen a Schoule misste besser iwwer Cybermobbing an d'Auswierkungen opgekläert ginn. Donieft missten Onlineservicer besser reguléiert ginn, fir dëse Phenomen ze begrenzen.
Dacks hätte Mobbingaffer Kapp- oder Bauchwéi bis hin zu Angschtzoustänn an Depressiounen. D'Suitte fir Betraffener wieren och Joren dono nach present.