Den amerikaneschen Auto-Produzent Tesla wëll am Summer en Taxi presentéieren, deen autonom fiert.

Dat huet de Chef vun der Entreprise Elon Musk op der Social-Media-Plattform X matgedeelt, där hire Proprietär hien ass. D'Gefier soll deemno den 8. August presentéiert ginn.

No der Annonce ass de Cours vun der Aktie vun Tesla tëschenduerch ëm 6 Prozent geklommen.

De Musk huet ëmmer nees déi potenziell Virdeeler vun Autoen ënnerstrach, déi komplett autonom fuere kënnen. Eng Méiglechkeet wier zum Beispill, dass Gefierer, déi grad net vun hire Besëtzer gebraucht ginn, fir déi Zäit als autonom Taxie kéinten an den Asaz kommen.

Kritiker reprochéieren dem Musk, dass hie mat senger Annonce vun de "Robo-Taxie" vun den negativen Noriichten iwwer Tesla oflenke wéilt. Esou huet et an den amerikanesche Medie geheescht, dass de Konzern dat grousst Zil, en Elektro-Auto mat engem Verkafspräis vu ronn 25.000 Dollar op de Maart ze bréngen, opginn hätt. De Musk dementéiert dat allerdéngs.

Iwwerdeems huet Tesla dës Woch missen eng Baisse bei de Verkafszuelen annoncéieren. Am éischten Trimester 2024 huet d'Firma weltwäit 8,5 Prozent manner Autoe verkaf ewéi am leschten Trimester 2023.