Nei Funktioun, fir Mannerjäreger viru sexueller Erpressung ze schützen
Zwar ass Instagram nach wäit dovun ewech, jonk Mënschen am Internet anstänneg ze schützen, ma nei Funktioune maachen do op d'mannst e bëssen Hoffnung.
De Mammekonzern Meta huet en Donneschdeg e bessere Schutz vu mannerjärege User viru sexueller Erpressung annoncéiert. Dofir hätt een eng speziell Software entwéckelt, déi vu Kënschtlecher Intelligenz ënnerstëtzt gëtt.
Eng vun de wichtegsten neie Funktiounen ass, datt de Schutz viru Biller mat sexuellem Contenu a privaten Noriichten agefouert gëtt. Den Tool dofir wäert deemno an Zukunft fir all d'Notzer ënner 18 Joer automatesch aktivéiert ginn. No der Aktivéierung erkennt de Programm Biller, déi Verdacht stinn, datt se sexuelle Contenu enthalen a mécht dës da fir den Empfänger onkenntlech. D'Analys dovu gëtt um Apparat vum User gemaach, sou datt d'Noriichten Enn-zu-Enn verschlësselt bleiwen, ouni datt Meta Zougrëff dorop huet.
Fir déi jonk Notzer virun "ongewollten a potenziell geféierleche Kontakter" ze schützen, kritt een dann och d'Méiglechkeet, sech d'Bild zesumme mat enger Pop-up-Noriicht vu Meta unzekucken, an där dorop higewise gëtt, dass ee sech net zu enger Äntwert gezwonge soll fillen. Doriwwer eraus warnt d'Software awer och déi Persounen, déi esou Biller verschécken, beim Deele vu sensibele Fotoe virsiichteg ze sinn a weist op méiglech Risken hin.
Zil vum "Nudity Protection"-Tool ass de Schutz viru sougenannter "Sextortion", woubäi d'Täter dacks mannerjäreg Affer dozou bréngen, sexuell eendeiteg Biller oder Videoen opzehuelen an hinnen ze schécken. Huet een dat gemaach, menacéieren d'Täter d'Affer mat der Publikatioun vum Material, fir Suen oder weider Fotoen z'erpressen.