Nei Sond vun der Nasa soll Jupiter-Mound Europa ëmkreesen

© FREDERIC J. BROWN / AFP
Déi amerikanesch Raumfaart-Agence huet e Freideg hir neiste Weltall-Sond mam Numm Clipper virgestallt.
Dës soll am Oktober an Direktioun vum Jupiter-Mound Europa starten. Si soll de Mound, deen dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft no, komplett vun Äis bedeckt ass, ëmkreesen an ënnersichen.
Bis et souwäit ass, wäert et awer nach e bëssen daueren. Wéi et vun der Nasa heescht, soll déi 5 Milliarden Dollar deier Sond hiert Zil eréischt no enger Rees vun eppes iwwer 5 Joer erreechen. Europa gëllt als ee vun den Himmelskierper, deen der Äerd am noosten ass, bei dem Wëssenschaftler dovun ausginn, dass d'Konditioune fir Liewe kéinte bestoen. D'Sond vun der Nasa soll ënnersichen, ob dës Konditiounen tatsächlech um Mound existéieren.